top of page

SOFTEING SYSTEMER / mëll Waasser Systemer
WAGNER S.à r.l.

Sidd Dir onsécher ob eng Enthärtungsanlag Sënn mécht fir Äert Doheem?

A ville Regiounen enthält d'Waasser Mineralstoffer wéi Kalzium, déi fir een héije Kallekgehalt verantwortlech sinn. Dëst kann zu onangeneeme Begleeterscheinunge féieren, déi heiansdo ganz deier kënne sinn. Dofir recommandéiere mir Iech eng Waasserenthärtungsanlag wann d'Waasser an Ärer Regioun en héije Kallekgehalt huet. Dir wësst net genau wéi eng Waasserhärt Dir hutt? Kee Problem, mir testen Äert Waasser beim nächste Rendez-vous wann Dir wëllt.

Wat sinn d'Virdeeler vun enger Entkalkungsanlag?

Se schützt Är Rouersleitungen  an Haushaltsapparater viru schiedlechem Kallek an hëlleft Iech Äre Verbrauch vun deiere Wäsch- a Botzmëttele staark ze reduzéieren. Är Kichen an Äert Buedzëmmer bleiwen trotzdeem glänzend propper, well lästeg Kallekoflagerunge si Vergaangenheet mat Hëllef vun enger Enthärtungsanlag. Mat enger Entkalleksanlag fillen sech  Är Handdicher a Kleeder direkt mëll a kuscheleg un, an Är Haut an Hoer soen Iech dofir Merci. Dréchen Haut oder brécheg Hoer kënnen nämlech och d'Resultat vun haardem Waasser sinn.

Kakteen
Wagner Sanitärfirma Bitburg Eifel Haustechnik Heizung  (85).jpg

ELO ENG BERODUNG UFROEN

Dir interesséiert Iech fir eng Enthärtungsanlag / Weichwaasseranlag? Mir beroden Iech gären ëmfangräich iwwer Är Méiglechkeeten an iwwer déi technesch Detailer.

Tel.:+352 78 04 04

E-mail: info@wagner-lux.com

bottom of page